Randonnée D’Echappée

Wëllkomm bei der

„D’Echappée“

Randonnée!



Datum:

7. Mee 2023


Programm:

ab 7h45:
gemittlecht Antreffen vun den Deelhueler

vun 8h00 bis 9h30:
individuellen Start fir den 120 km Tour

vun 8h00 bis 10h30:
individuellen Start fir den 30 km, 60 km an 90 km Tour

8h30:
gemeinsamen Start vum 120 km Tour (fir déi, déi d’Randonnée an enger Grupp fueren wëllen)

9h30:
gemeinsamen Start vum 30, 60 km an 90 km Tour (fir déi, déi d’Randonnée an enger Grupp fueren wëllen)

11h30-15h00:
Mettesiessen (Nuddelen mat veganer Zooss an Uebsttaart)


Ravi’en:

Beidweiler (no 16 km) : 8h30-11h30

Berdorf (no 55 km): 9h45-13h00

Ermsdorf (no 75 km fir den 90 km Tour an no 105 km fir den 120 km Tour): 10h30-14h30


Start an Ziel:

Centre poyvalent „Kuerzwenkel“
19 Rue de Berdorf
6213 Consdorf

Parkméiglechkeeten sinn do (keng Duschméiglechkeeten).



30 km Tour

30 km

exakt Distanz: 28.3 km
Heichtenmeter: 396 hm
Schwierigkeetsgrad : Liecht
Durchfueren Dierfer: Konsdref, Mëllerdall, Blummendaal, Jonglënster, Beidler, Rippeg, Bech, Konsdref (ab Jonglënster Vëlowee PC2)


60 km Tour

60 km

exakt Distanz: 58.6 km
Heichtenmeter : 925 hm
Schwierigkeetsgrad : Mëttel
Durchfueren Dierfer: Konsdref, Mëllerdaal, Blummendaal, Jonglënster, Beidler, Bruch, Bäerbuerg, Hierber, Uesweiler, Giischterklaus, Hinkel, Iechternach, Bäerdref, Konsdref


90 km Tour

90 km

exakt Distanz: 92.1 km
Heichtenmeter: 1’641 hm
Schwierigkeetsgrad : Schweier
Durchfueren Dierfer: Konsdref, Mëllerdaal, Blummendaal, Grolënster, Beidler, Bruch, Bäerbuerg, Hierber, Uesweiler, Giischterklaus, Hinkel, Iechternach, Bäerdref, Grondhaff, Beefort, Reisduerf, Keiwelbach, Iermsdref, Suewelbuer, Haler, Waldbëlleg, Mëllerdaal, Konsdref


120 km Tour

120 km

exakt Distanz: 123.4 km
Heichtenmeter: 2’275 m
Schwierigkeetsgrad : Schweier
Durchfueren Dierfer: Konsdref, Mëllerdaal, Blummendaal, Grolënster, Beidler, Bruch, Bäerbuerg, Hierber, Uesweiler, Giischterklaus, Hinkel, Iechternach, Bäerdref, Grondhaff, Beefort, Reisduerf, Héischdreff, Bëttel, Veianen, Biwels, Groesteen, Baastenduerf, Gilsdref, Brouderbur, Iermsdref, Suewelbuer, Haler, Waldbëlleg, Mëllerdaal, Konsdref


Mettesiessen:

D’Mëttesiessen besteet aus Spirelli Nudelen mat enger veganer Tomatenzooss mat Gemeis an Tofu an engem Stéck Uebsttaart als Dessert. D’Mëttesiessen (Pasta + Uebsttaart) kascht 10€.
D’Pasta gett vun der Brasserie Heringer Millen gesponsert.

Mëll dech w.e.g. am Virfeld online fir d’Mëttesiessen un.

Startzäiten an Streck:

D’Startzäiten sinn fir déi, déi d’Randonnée an enger Grupp fueren wëllen. D’Strécken kennen awer och individuell ab 8 Auer befuer gi.




D’Strecken wäerten ausgeschëldert sinn.



Umellung:

    Umellung sur place den 7. Mee ass méiglech!


    Gebühr:

    30 € (gëtt integral gespend)

    Iwwerweis dësen Montant w.e.g. op folgend Kontosnummer:

    LU85 0019 3055 8933 3000
    BIC-Code: BCEELULL
    Philippe Reuland

    Betreff: „Randonnée“ souwéi däin Vir- an Nonumm


    Konzept:

    No-Drop Social Road Ride. Egal ob Ufänger:in oder Kompetitiounsvélofuerer:in – mir lueden dech an, zesummen mat Gläichgesënnten an enger Grupp een flotten Vëlostour ze maachen. Et geet net em Kilometer- oder Wattzuehlen – eenzeg den Spaass steet am Virdergrond. Jiddereen ass wëllkomm. Dat ganzt ass natierlech fir den gudden Zweck!


    Corona Moossnamen:

    D’Randonnée wäert ënnert den zu dem Zäitpunkt gültegen Moossnamen stattfannen.



    Beschreiwung vun den Strecken:

    Den Tour start beim Centre polyvalent „Kuerzwénkel“ zu Konsdref. Mir fueren duerch Konsdref an uschléissend biergof an den Mëllerdall, direkt laanscht den Schéissentëmpel.

    Photograph John Oesch

    Den Mëllerdall ass bekannt fir seng Fielsformatiounen. Nodeems mir den Mëllerdall passéiert hunn, fueren mir duerch den Blummendall erop bis op Jonglënster, iert et iwwert eng oppen Landschaft an duerch kleng Dierfer mat ländlechem Charakter mam Tour wéider geet. Zu Beidler trennt sech den 30 km Tour an déi aner dräi Tier. Den kuerzen Tour feiert iwwert den Vëloswee PC2 (eemoleg Zuchstreck) mat moderater Steigung iwwert Bech zeréck op Konsdref. Sou ass dësen Tour och kannerfrëndlech, wei och ideal fir Léit déi eng sportlech Aktivitéit sichen ouni gréisser Schwieregkeet. Bei denen längeren Tier ginn no Bruch d’Dierfer Berbuerg, Hierber an Uesweiler duerchfuer.

    Hannert Dickweiler feieren d’60, 90 an 120 km Tierr un der landschaftlech schéin geleeënen Kapell Girsterklaus laanscht. Vun do aus geet et biergof an d’Dall vun der Sauer. Di nächst 12 km feieren gemittlech laanscht d’Sauer bis op Iechternach.

    Hannert der Abteistiedchen, kënnt een usprochsvolleren Deel vun der Streck: eng 5 km laang Steigung bis op Berdorf. D’Ustrengung lount sech awer: mir fueren duerch eng spektakulär Fielslandschaft, ënner anerem laanscht bekannten Sandsteenformatioun wéi dem „Perekop“. Op dem Plateau ukomm, huet een d’Meiglechkeet haaptsächlech flaach bis op Konsdref zeréck bei den Ausgangspunkt vun der Randonnée ze fueren, oder sech fir den 90 oder 120 km Tour z’entscheeden.

    Entscheet een sech fir den 90 km oder 120 km Tour geet et no Berdorf biergof – laanscht eenzegaarteg Fielsformatiounen – an d’Dall vun der Schwaarzen Iernz. Zäit fir sech z’erhuelen bléift just kuerz, onmëttelbar no der Descente steet déi nächst Montée un, ropp op den Plateau vun Beefort. Kuerz no der „Beeforterheed“ geet et biergof Richtung Reisduerf mit herrlecher Aussicht op d’Sauerdall.

    Zu Reisduerf kann een entscheeden ob een iwwert Iermsdref, Suewelbuer, Haler, Waldbëlleg, duerch den Mëllerdall zeréck op Konsdref fiert oder awer nach bei vorhandenen Kraaftreserven 30 km drunhänkt. Dës 30 km hunn et awer nach eng Kéier an sech. Direkt no Reisdorf geet et iwwert eng Steigung bis op Bettel. Duerno erreecht een dat mëttelalterlecht Vianden, mat Bléck op déi bekannten Buerg geet et duerch den wonnerschéinen Naturpark Our op Biwels. Hei bidden sech den Deelhueler ganz schéin Aussiichten. No Biwels steet déi nächst usprochsvoll an warscheinlech schwieregst Steigung vun der Randonnée un, et geet biergop bis op den Mont St. Nicolas. Iwwer Groesteen geet et roff bis op Baastenduerf, Highlight ass hei eng spektakulär Aussicht op d’Buerg Baastenduerf. Vun hei geet et iwwert Gilsdref, Brouderbuer bis op Iermsdref, wou een op d’Streck vum 90 km Tour stéisst.


    Sponsoren


    Organisatiouns-Team:

    Daniel Foeteler
    Matthias Heck
    Anne Homan
    Philippe Reuland
    Nicolas Schmitz
    Chris Weylandt

    Merci dem VC Diekirch fir d’Ermeiglechung dees Randonnée duerchfeieren ze kennen.



    Spendenfortschrett Randonnée: 0 € (Stand 10.12.2022)